Summerfeeling pur

Wann een u Summer denkt, denkt een automatesch och u Cocktailer. Dës selwer zouzebereeden ass ewer guer nik sou einfach. Mee wann ee puer Basics kennt, kritt jidderee vun eis super summerlech Kreatiounen hunn. Mir hunn souguer en einfacht mee leckert Cocktail-Rezept vum Hôtel Dahm vun Ierpeldeng fir iech:

Cocktailer kann een op dräi verschidde Variante mixen: Réieren, Rëselen an d’Mëschen am Glas. Mee wéini mëscht een elo wat?

Geréiert ginn Drinks mat nëmmen Alkohol oder Alkohol mat Softdrinks. Fir dass d’Glas vum Cocktail kal genuch ass, réiert ee fir d’éischt d’Äis an deem Glas bis d’Glas beschléit, dann ass et kal genuch. D’Waasser wat lo vum Äis am Glas ass schëtt een of éier een déi verschidden Alkoholer an oder Softdrinks an d’Glas schëtt. De Cocktail gëtt zum Beispill mat engem grousse Läffel geréiert.
Gerëselt ginn Drinks wou d’Ingrediente schwéier ze vermësche si wéi zum Beispill Cocktailer mat Eewäiss, Jus oder Ram. Duerch d’Rëselen entsti Loftbläsecher déi dem Cocktail eng besonnesch Textur verpassen.

Dekoratioun ass wichteg
Beim Cocktail drénkt d’Aen och mat. Dofir ass et wichteg dass de Cocktail schéin dekoréiert ass. Mat Friichten oder Blummen. Et kann een de Rand vum Glas och naass maachen an an Zocker zappen. Der Fantasie sinn hei keng Grenze gesat. Am Moment si Blummen déi ee mat kann iessen en absoluten Trend.

Cocktail Mechanesch Orange by Hôtel Dahm:

Ingredienten:

-6 CL gepressten Orangëjus

-1,5 CL Grand Marnier

-1,5 CL Cointreau

-3 CL Gin London Nr 3

-5 Drëpsen Augustura Orange Bitter

-Fever Tree Clementine Tonic Water

-E puer Scheiwen Orangen

 

Preparatioun:

-10 Sekonne laang de Jus, de Grand Marnier, de Cointreau, de Gin an den Orange Bitter mat engem laange Läffel réieren

-alles an ee kaalt Long-Drink Glas schëdden

-Äis an d’Orange Scheiwen dobäi maachen

-De Fever Tree Tonic dobäi schëdden an zum Schluss d’Iessblummen driwwer streeën

Apropos Summerfeeling. Fir dëse perfekte Summerdrink ze genéisse brauch een nach déi perfekt Platz. Mir hunn se fonnt. Mir recommandéieren Terrasse vum Hôtel Dahm. Hei sëtzt ee wéi an der Vakanz. Ee wonnerschéine Gaart mat engem Weier bréngt een un dreeme beim Cocktaildrénken. Dir kënnt hei ewer och mëttes an owes wonnerbar iessen a wann dir et nik méi heem packt och nach do schlofen. En klengen Ausfluch heihi lount sech op alle Fall.

Prost!

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply