The crazy cat

Bei Fraen ass et dachs sou, dass se entweder en Béier-Fan sinn oder en Wäin-Fan. Ma et ginn och Fraen déi drénke béides. Mir hunn en Béier entdeckt, deen och deene schmaacht, déi normalerweis kee Béier drenken.

Ech ginn et zou, ech sinn éischter en Wäindrénker, Béier schmaacht mir nik. Ech sinn awer viru kurzem op en Béier aus der Bécks gestouss, deen ech mega witzeg vum Design fonnt hunn. Twisted Cat heescht dëse Béier. De Logo war mir direkt an d’Aen gesprongen. Wat huet eng Kaaz mat Béier ze dinn? Deem wollt ech nogoen an hunn mech mam Alison Adams getraff. Hatt an säi Mann sinn d’Käpp hannert dësem lëtzebuergesche Béier „Made in Luxembourg“.

Women are often fans of either beer or wine, or maybe even both. We have discovered a beer that is perfect for those who usually don’t enjoy the brew. I must admit that I, myself, am more of a wine drinker. I just don’t like beer. Recently, however, I came across a canned beer with a funny design that immediately caught my eye. Twisted Cat is the name, and the logo struck me right away. What does a cat have to do with beer? Intrigued, I wanted to explore this and met up with Alison Adams. Alison and her husband are the minds behind this beer ‘Made in Luxembourg’.

 

 

Et wonnert mech éierlech gesot, dass eng Fra sech fir Béierbrauen interesséiert, mee ech fannen dat immens intéressant. Wéi ech d’Alison treffe sinn ech nach méi erstaunt- dat ass jo och nach eng richteg cool a fancy Moss! Dat hätt ech beim verstëppsten Image vum Béier am allgemengen nik fir méigleg gehal.

D’Successstory vun Twisted Cat fänkt -wéi soll et anescht sinn- am Keller un. D’Alison a säi Mann probéieren een amerikanescht Rezept fir Béierbrauen op hir Aart a Weis aus, just for fun an et war just fir hiren eegene Gebrauch geduecht. Ma si fannen hir eege Kreatioun sou gutt, dass si de Béier hire Frënn ze schmaache ginn. Eent kënnt bei dat anert a schon war d’Iddi vun engem eegene Béier gebueren.

To be honest with you, the idea of a woman interested in brewing beer surprised me, but I find the idea very intriguing. When I finally meet Alison, I am even more surprised – there comes are rather cool and fancy lass! Considering the overall dusty image I usually relate to beer, I would have never suspected that. The success story of Twisted Cat starts – how else could it be – in a basement. Alison and her husband try an American recipe for beer brewing and add their own twist to it, just-for-fun and personal use. They end up liking their creation so much that they have their friends test it. One thing follows another, and born was the idea to produce their very own beer.

 

 

Twisted Cat gëtt et an der Fläsch an an der Bécks. D’Alison schwäermt vun der Bécks, well de Goût anscheinend am beschten sou ass, en bléift gutt kill , d’Béchse sinn ëmweltfrëndlech, se kënne recycléiert a praktesch stockéiert ginn. D’Bécks soll säin Image verléieren an erëm méi sexy ginn. En wichtegen Aspekt ass och nach, dass de Béier vegan ass an et en och an enger alkoholfräier Versioun gëtt.

Ech testen als éischt mol déi alkoholfräi Versioun, well ech dacks am Summer keng Loscht op Alkohol hunn an dann ni weess wat ech drénke soll. Frësch a fruchteg, sou géif ech de Goût beschreiwen. Ech si positiv iwwerrascht, en ass nik ze séiss an drénkt sech gutt. Eng super Alternativ zu den alkoholfräie langweilegen Drinks déi ee soss fënnt. Dono probéieren ech natierlech och de Béier mat Alkohol. Nachëmmer liicht a fruchteg, de perfekte classy Summerbéier. D’Alison a säi ganzt Team setze vum Ufank bis zum Enn vun der Produktioun op Qualitéit, dat gesäit a schmaacht een. Wat ech bei Twisted Cat awer och nach super fanne sinn déi stylesch Glieser mam Logo mat der Kaaz. Et huet eppes Féminines an aus dëse Glieser kann een och Crémant drénken, en allaround Glas also, wat praktesch ass an och nach gutt ausgesäit. Twisted Cat ze drénke mécht einfach Spaass.

Twisted Cat exists both bottled and canned. Alison raves about the cans because they supposedly allow for the best taste. The beer stays cool, the cans are eco-friendly and can be recycled, and they allow for practical storage. The goal is to move away from the can’s bad image and back to sexy. The beer is also vegan and there is an alcohol-free alternative – two undeniably important aspects. I’m starting my test with the alcohol-free version, because I often don’t feel like drinking alcohol during the summer heat and end up not really knowing what to choose. Fresh and fruity – that’s how I would describe the taste. I’m positively surprised: it’s not too sweet and pretty enjoyable. A great alternative for the boring non-alcoholic drinks one usually finds. After that, I, of course, also try the version with alcohol. Still light and fruity, it makes for a perfect, classy summer beer. Alison and her team focus on quality throughout the entire brewing process, and I can taste it. Another detail I really like about Twisted Cat are their stylish glasses with the cat-logo. They have a feminine look to them, and they are also great for drinking Crémant; an all-around glass that is not only practical, but also good-looking, adding fun to the experience of drinking Twisted Cat.

 

 

„Mir wëlle mat Twisted Cat eng Community opbauen, et ass vill méi wéi just en Béier, et ass ee Feeling, mir verspreeën domadder good Vibes“, sou d’Alison.

An dobäi dréint sech alles em d’Kaaz, déi och op de Social Medias eng grouss Roll spillt. Crazy ass se an och en bëssen drunk. D’Kaaz gouf vum Alison als Maskottschen erausgesicht well eng Kaaz ëmmer gutt ukënnt. An d’Iddi kënnt wierklech mega un, well ee wann een eng Kéier de Logo gesinn huet, en nie méi vergësst.

Sou lo hues Du dach och bestëmmt Loscht kritt dësen neien, anere Béier ze testen? Wanns Du op www.twistedcat.com gees, fënns Du all d’Infoen an och wous Du de Béier an denger Géigend ze kafen an ze schmaache kriss. De Funfaktor ass dobäi garantéiert.

‘We want to create a community with Twisted Cat, it’s more than just a beer. It’s a feeling, and we want to spread good vibes with it’, says Alison. Doing so is all about the cat, which also plays a large role on social media: crazy, but also a little drunk. Alison chose the cat as their mascot because felines are generally well-liked. And the idea works: once you see the logo, you are sure to never forget it. Are you curious now, and want to try out this new and different brew yourself? You can find everything you need to know about the beer and where to taste/buy it on www.twistedcat.com. Fun-factor guaranteed.

 

Text : Mady Lutgen mat Twisted Cat

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply