Walnoss-Ricotta Léift

Huet dir Loscht Chrëschtdag mol eppes Neies auszeprobéieren? Mir hunn iech en Rezept fir eng Entrée peparéiert, wat ganz einfach ass fir nozekachen an är Geschmacksnerven zu 100 Prozent verwinnen wäert.

 

Zutaten fir 4 Leit:

2 grouss Süsskartoffel, an dënn Rondelen geschnidden (0,5 – 1 cm)

Olivenueleg

1 Iessläffel Kanéil

30 g Walnëss

3-5 Iessläffel flëssegen Hunneg

250 Gramm Ricotta

1 Iessläffel Thymian

1 Iessläffel Oregano

1 Iessläffel Rosmarin

Salz, Peffer

Preparatioun:

  1. Fänkt mat der Ricotta-Mëschung un. Mixt den Thymian, Rosmarin an Oregano mat vill Salz an Peffer ënnert den Ricotta an stellt et an den Frigo.
  2. Hëtzt den Uewen op 200 °C vir (Ober-und Unterhitze).
  3. Maacht Süsskartoffel-scheiwen zesummen mat 4 Iessläffel Olivenueleg an 1 Iessläffel Kanéil an eng Schossel an vermëscht et gutt. Dann leet dir se op Bakpabeier, respektiv op en Bakblech an dann an den Schäffchen.
  4. No 20 Minutten d’Süsskartoffel-scheiwenëmdré
  5. No weideren 20 Minutten d’Walnëss derbäi leen.
  6. No weideren 10 Minutten den Backblech eraushuelen an een klengen Läffel Ricotta op all Scheif Nachengkeier 2 Minutten an den Schäffchen stellen, sou dass den Ricotta gutt waarm gëtt.
  7. Zum Schluss eraushuelen, op en Teller 2-3 Scheiwen leen an Hunneg driwwer lafen loossen. Dir kennt och nach Thymian driwwer streeën oder och gedréchent Preiselbeeren (jee no Goût).

Bei dëser Entrée propséieren mir zesummen mat Bernard-Massard iech en 2019 „Pinot Gris“ Grand Premier Cru, deen dir ganz easy bei hinnen am Online-Shop bestellen kënnt.

 

Mir wënschen e gudden Appetit!

 

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply